Stad Lëtzebuerg deelt matPhishing-Mail am Ëmlaf, déi sech als Ville de Luxembourg ausgëtt

RTL Lëtzebuerg
D'Stad Lëtzebuerg rifft an deem Kader d'Bierger zu gréisserer Virsiicht op.
© Gemeng Lëtzebuerg

D'Stad Lëtzebuerg mellt, dass am Moment Phishing-Mailen am Ëmlaf sinn, déi sech als Ville de Luxembourg ausginn. Dës E-Mail géif ënnert dem Virwand verschéckt ginn, Informatiounen iwwert de "kommunale Jores-Rapport an e Residenz-Zertifikat" ze ginn, a fuerdert d'Leit, déi dëse Mail kréien, op, op e Link ze klicken, fir hir perséinlech Donnéeën ze aktualiséieren oder ze verifizéieren.

Dës E-Mail soll een ënnert follgendem Betreff kënnen identifizéiert ginn: "Administration Communale — Ville de Luxembourg : Mise à jour de vos coordonnées de correspondance".

D'Stad Lëtzebuerg rifft d'Bierger zu gréisserer Virsiicht op an erënnert drun, datt si ni d'Iwwermëttlung vu perséinlechen Donnéeën iwwer e Link oder eng Internetsäit verlaangt, déi iwwer eng E-Mail zougänglech ass.

Back to Top
CIM LOGO