Wocheréckbléck vun der SantéPic vun der Grippewell schéngt erreecht

RTL Lëtzebuerg
Mat 500 registréierten Infektioune mam Influenza-Virus tëscht dem 2. an dem 8. Januar sinn déi gemellt Fäll quasi ëm 50 Prozent zréckgaangen.

Och d’Covid-Fäll sinn an der Woch vum 2. bis den 8. Januar e Stéck zeréckgaangen. Esou goufe 568 Nei- a 431 Re-Infektiounen an der leschter Woch registréiert. D’Woch virdru waren et zesummen nach bal 1.300 Fäll, obwuel do wéinst de Feierdeeg e bësse manner getest gi war.

Iwwerdeems beklot d’Santé siwen nei Doudesfäll a Relatioun mam Coronavirus. An der Moyenne waren déi verstuerwe Mënschen 81 Joer al.

E Mëttwoch louchen dann 32 Covid-Patienten an de Spideeler, vun deene véier Stéck op der Intensivstatioun louchen. D’Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente louch bei 70 Joer.

699 Leit hu sech an der éischter Woch Januar géint de Coronavirus impfe gelooss.

© MSAN

De Wocheréckbléck vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO