IWF a WeltbankPierre Gramegna fir Gespréicher zu Washington

RTL Lëtzebuerg
De Finanzminister Pierre Gramegna ass bis e Samschdeg zu Washington op der Fréijoers-Sessioun vum Internationale Wärungsfong an der Weltbank.

Do wäert hien am Laf vun deene Reuniounen eng sëlleche Gespréicher mat auslänneschen Homologen féieren.

Den IWF hat jo Ufanks der Woch an enger neie Prognos virausgesot, dass d’Weltwirtschaft dëst Joer manner staark wäert wuesse wéi erwaart. Vun 3,3% ass rieds. Dat wier deen niddregste Wäert zanter 10 Joer.

Back to Top
CIM LOGO