Trésorerie de l'EtatPiratepartei muss dem Staat bal 20.000 Euro zeréckbezuelen

RTL Lëtzebuerg
Aus engem Bréif vum Staatsministère vum 2. Abrëll geet ervir, dass d'Piratepartei dem Staat eng Zomm vu ronn 20.000 Euro muss zeréckiwwerweisen.

An deem technesche Bréif, deen ons virläit, erkläert de Ministère, datt e Montant vun 30.700 Euro, deen e Parteimember a Kandidat un d'Partei iwwerwisen huet, als Don ze betruechte wier an net als Recette.

Där Zomm kéint also net Rechnung gedroe ginn, wann de Seuil vu 75% berechent gëtt an dowéinst louch d'Dotatioun vum Staat fir d'Piratepartei am Joer 2018 bei 87%.

D'Piratepartei krut deemno 19.341,02 Euro ze vill a gëtt vum Staatsministère gebieden, déi Zomm der Trésorerie de l'Etat zeréck z'iwwerweisen.
D’Piratepartei huet e Mëttwoch de Mëtteg reagéiert a betount "mir liesen d‘Gesetz anescht wéi den Här Bettel, dat muss also d'Geriicht entscheeden".

Back to Top
CIM LOGO