
D’Online-News-Plattform huet dofir d’Ausgabe fir d’Reklamme fir d’Parteisäiten an d’perséinlech Säite vun de Politiker op Facebook an Instagram zesummegerechent.
Bei de Pirate kënnt een do op eng Zomm vu knapp 60.000 Euro tëschent Mäerz 2019 a Januar 2022, bei déi Gréng sinn et 38.000 a bei der ADR gutt 34.000 Euro.
Wärend déi Gréng an d’ADR virun allem Sue fir Reklammen op der Parteisäit ausginn hunn, waren et bei de Pirate méi wéi 23.000 Euro fir déi perséinlech Säiten.
De Gros dovunner huet iwwregens den Deputéierte Marc Goergen ausginn, mat 20.000 Euro fir Reklamme fir seng Facebook-Säit.
D’DP, d’LSAP, d’CSV an déi Lénk ginn e Stéck manner fir Reklammen op de soziale Medien aus, wéi déi aner 3 Parteien, tëschent 5.000 a 14.000 Euro.
Reporter weist op Problemer hin, wat d’Finanzéierung vun dëse Reklammen ugeet - et géingen zum Beispill zum Deel Reklamme fir d’Partei iwwert d’Fraktioun bezuelt ginn.