OGBL an LCGBPlan de maintien dans l'emploi mat G4S konnt ausgehandelt ginn

RTL Lëtzebuerg
Viru ronn 3 Wochen hat d'Firma G4S de Gewerkschaften d'Absicht matgedeelt, fir 80 Plazen zu Lëtzebuerg ofzebauen.
© Christophe Hochard

Den OGBL an den LCGB annoncéieren en Dënschdeg an engem Communiqué, datt e Plan de maintien dans l'emploi konnt ausgehandelt ginn.

Et hätt ee Licenciementer verhënnert kritt, schreiwen d'Gewerkschaften. De Plang gesäit ënner anerem intern Rekonversioune vir.

Wann déi kommerziell Situatioun sech weider verschlechtert, däerf d'Sécherheetsfirma vum Enn vum Joer u maximal 15 Salariéen entloossen. Finanziell Indemnitéite si virgesinn. Bei G4S schaffen 1.200 Leit.

Back to Top
CIM LOGO