
Et ass e Rapport vum Anti-Folter Comité vum Conseil de l’Europe, wou ervir gestrach gëtt, datt de Grand-Duché dat schonn 1993 gesot krut an awer géif et an Ausnamefäll nach ëmmer geschéien. Ëmmer dann, wa keng Plaz an der Unisec zu Dräibuer ass.
Op Nofro hin huet de Claude Meisch, zoustännege Minister fir Kanner a Jugend, reagéiert. Effektiv ass eng Reform vum Jugendschutz an dem Jugendstrofrecht um Instanzewee, wou och en neie Jugendprisong virgesinn ass. Um Site vun der Unisec soll deen neie Prisong gebaut ginn, erkläert de Minister.
Un engem neie Jugendprisong géif also geplangt ginn. Mä dat riskéiert nach Joren ze daueren, bis e kann opgoen.