Den Ufank vum Weekend kéint plazeweis zimmlech wäiss ginn. Am Feierowendtrafic koum et e Freideg den Owend schonn zu gréissere Perturbatiounen, dat am Raum Housen, Clierf a Wemperhaart zum Beispill. Hei waren et virun allem Camionen, déi wéinst verschneite Stroossen hänke bliwwe sinn. Zu Hengescht waren et um Freideg den Owend géint 20.45 Auer ronn 10 Zentimeter Schnéi, déi gefall waren. Hei sinn ënnert anerem e Camion an zwee Busser hänke bliwwen.
Tëscht Lëpschent an Housen war um Freideg den Owend d’Streck gebotzt. Nërdlech vun Housen a Richtung Clierf loung awer ëmmer nach vill Schnéi.
Am Laf vum Freideg koum vu Meteolux eng Alerte jaune, déi vun e Freideg 18 Auer bis e Samschdeg 4.59 Auer dauert. Rieds ass vu bis zu 2cm Schnéi uechter d’Land. D’Realitéit huet am Éislek definitiv anescht ausgesinn.

Iwwert der Stad huet et schonn e Freideg an der Mëttesstonn ugefaangen ze schneien. Och am Laf vum Weekend bleift et kal, bei Temperature vun ëm déi 0 Grad. E Samschdeg de Moien ass am Guttland mam leschten Neischnéi ze rechnen, duerno soll et e relativ sonnege Wanterdag ginn. Bis e Méindeg kéint et lokal ëmmer emol nees schneien.
Den ACL mellt dann och, dass een de Fouss soll vum Gas huelen. D’Temperaturen ëm de Gefréierpunkt an de Schnéi kënne plazeweis fir glat Stroosse suergen.
Passt Äre Fuerstil wgl de Wiederkonditiounen un!