Och de Budget vu 26 Millioune géif bis elo emol net gesprengt, sou d'Stater Buergermeeschtesch, déi en Dënschdeg mat der Ëmweltministesch um Chantier ënnerwee war.
D’Revaloriséierung vum Dall géif och géint d'Héichwaasser hëllefen. Duerch dat méi breet Flossbett engersäits, mä och, well ee bei de Brécken, also do, wou den Drock vum Waasser am Stäerksten ass, déi néideg Mesurë géing huelen.

Esou d'Erklärung vun der Ëmweltministesch. 160 Beem misste fort, hat et am Ufank vun den Aarbechten geheescht a bei deem Chiffer soll et bleiwen. D’Reschter, also d’Wuerzelen, gi laanscht de Laf vun der Péitruss nees agegruewen, fir dat Ganzt esou natierlech wéi méiglech ze halen an esou och der Déierewelt eng Chance ze ginn.
Natierlech géifen de Grondrëss vun der Saint-Ulrich an d’Stécker vun der Wenzelsmauer, grad ewéi d’Bourbon-Schéiss, an d’Péitruss-Revaloriséierung mat agebonnen. Wéi a wat genee gemaach géif, weess och de Robert Philippart, dee fir d’Unesco en A op den Dall hält, den Ament nach net. E Stéckelchen niewendrusoll dann awer och nees Minigolf kënne gespillt ginn.

Fir déi bescht méiglechst Qualitéit vum Waasser z’erreechen, bräicht een eng Kombinatioun vu Mesuren. Niewent dem "First Flush", enger Installatioun, déi dat knaschtegt Reewaasser vun de Stroossen opfänkt an déi geschwë kéint an den Asaz kommen, muss d’Stad och dofir suergen, dass an de Quartiere Gare an Hollerech keng Toilette méi falsch ugeschloss sinn. Dee Problem ass bis haut net behuewen an d’Schmotzwaasser leeft weider ongekläert an direkt an d’Péitruss.

160 Beem missten ewechgemaach ginn, mee et kéimen der um Enn 134 mëttelgrousser an d’Plaz, sou d’Info am Februar 2020. Un deem Chiffer géing sech näischt änneren, versprécht d’Stater Buergermeeschtesch.
D’First-Flush-Installatioun, déi dat knaschtegt Reewaasser kann opfänken, wier bal prett, fir agesat ze ginn. D’Stad huet awer de Problem vun de falschen Toilettenuschlëss nach net geléist.