Waasserschued gemellt an opgeflunnPolice entdeckt Cannabisplantage zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Net schlecht gestaunt hunn d'Policebeamten e Freideg de Mëtteg an enger Wunneng zu Esch.
© AFP Archivbild

D’Police waren u sech wéinst engem Waasserschued geruff ginn. Wéi d’Beamten awer an d’Appartement erakomm sinn, hunn si 170 Cannabisplanzen, also carrement eng ganz Plantage fonnt, déi do ugeluecht gi war. D’Police huet deementspriechend nieft dem Cannabis och nach Som, eng Gaspistoul, e sougenannten “Schlagring”, eng gréisser Zomme Boergeld an och eng ganz Rei Utensilien fir de Cannabis ze ziichten, saiséiert.

De Proprietär vun der Wunneng gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. E Samschdeg koum hie fir d’éischt virun den Untersuchungsriichter an op deem säin Uerder hin an Untersuchungshaft.

Presuméierten Drogendealer an der Stad festgheoll

Weider mellt d’Police, dass si e Freideg den Owend e presuméierten Dealer bei engem Drogen-Echange an der Stad beobachte konnten. No enger kuerzer Poursuite konnt de Mann gestallt ginn an hie gouf mat op de Policebüro geholl, wou de Parquet kontaktéiert gouf.

Et huet sech erausgestallt, dass déi Persoun net just e puer Bulle Kokain an eng héich Zomm Boergeld bei sech hat, ma och a sengem Bauch ware 15 Friemkierper. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann um Enn festgeholl a koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter, deen Untersuchungsprisong ordonéiert huet.

Back to Top
CIM LOGO