
Well de Verdacht bestanen huet, dass et sech heibäi ëm e presuméierten Drogeverkeefer handele géif, hunn d’Beamte sech op d’Sich nom Verdächtege gemaach.
Nodeems si de Mann virfonnt haten, gouf effektiv ee Géigestand a sengem Mond entdeckt, deen de Mann dunn direkt ofgeschléckt huet.
De Parquet gouf informéiert, déi eng Ënnersichung duerch eng Röntgen ugeuerdent hunn. aus där ass dunn ervirgaangen, dass de Mann ongeféier 30 Plombe mat Drogen a sengem Mo-Daarm-Beräich hat. Op Récksprooch mam Parquet goufe de presuméierten Drogendealer festgeholl, hie koum den aneren Dag moies virun den Untersuchungsriichter.