Schlaangelinn gefuerPolice huet e puer alkoholiséiert Automobilisten aus dem Verkéier gezunn

RTL Lëtzebuerg
Dräi Mol sinn de Beamte vun der Police Autoen opgefall, déi a Schlaangelinne gefuer sinn. E weidere Won louch op der Kopp.

En Donneschdeg géint 14 Auer ass enger Patrull op der A4 bei Steebrécken en Auto wéinst der geféierlecher Fuerweis opgefall. Mat Schlaangelinne war den Automobilist, deen ëmmer nees beschleunegt an abrupt ofgebremst huet, ënnerwee. Hie gouf ugehalen a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv, de Permis war fort.

E puer Stonne méi spéit an der Nuecht op e Freideg ass um Wandhaff e schwéier beschiedegt Gefier opgefall, dat a staarke Schlaangelinne gefuer ass. D’Police konnt dësen Auto stoppen. Et huet sech erausgestallt, datt den Automobilist duerch e Blummebeet gefuer ass, e Schëld an den Trottoire ze pake krut. Hien ass awer weidergefuer, ouni sech ëm de Schued, deen entstanen ass, ze këmmeren. Well den Alkoholtest positiv ausgefall ass, gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

An der selwechter Nuecht gouf op der A6 en Auto gemellt, dee sech iwwerschloen hat an op der Fuerbunn louch. D’Automobilistin war éischten Informatiounen no an e Warnschëld vun engem Camion vu Ponts et Chaussées gerannt, deen hei stoung, fir d’Fuerbunn ofzespären. Wéinst der héijer Vitess war den Auto ofgehuewen, war an déi kalifornesch Mauer gerannt an huet sech iwwerschloen. D’Fra am Auto gouf nach op der Plaz behandelt a koum dono an d’Spidol. Well den Alkoholtest positiv ausgefall war, gouf de Permis provisoresch agezunn. Och de Chauffer vum Camion koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

Zu Mäertert war da géint 3.40 Auer en Automobilist ënnerwee, deen am Zickzack gefuer ass. D’Gefier gouf gestoppt an den Alkoholtest war positiv ausgefall. De Permis war fort.

Back to Top
CIM LOGO