Policeminister präziséiertPolice judiciaire och mat agebonnen am Stater Sécherheetsaktiounsplang

Roy Grotz
Et stëmmt, datt aktuell méi Polizisten um Territoire vun der Stad e Sécherheetsaktiounsplang duerchsetzen.

Dee Plang huet déi organiséiert Heescherei, de Mënschenhandel an den Drogenhandel am Viséier.

Falsch wier et awer, déi punktuell Asätz vu Beamten aus aneren Deeler vum Land an der Haaptstad op ee Mount héich ze rechnen, fir op e Chiffer vu ronn 180 Patrullen ze kommen, déi fir deen Asaz ofgezu gi wieren, sou wéi et am Tageblatt stoung.

Dëst äntwert de Policeminister op entspriechend parlamentaresch Froen, wou hie preziséiert, datt d’Aktiounen net limitéiert an der Zäit wieren.

E Chiffer vu Beamten, déi an der Stad am Asaz sinn, respektiv heihinner detachéiert goufen, nennt den CSV-Minister awer keen. Et wier deemno net nëmmen d’Duerchsetze vum Heescheverbuet am Viséier vun der Police, mee och aner penal Infraktiounen.

Och Beamte vun der Police Judiciaire wieren heibäi mat agebonnen, fir hiren uniforméierte Kolleege bei hire Chargen z’assistéieren. Dës PJ-Leit wieren dann och net vun hirem Zerwiss ofgezunn, mee géifen hir normal Missioun erfëllen.

Op operationell oder strategesch Detailer, wéi d’Police hiren Dispositif organiséiert, wëll de Minister Gloden aus Confidentalitéitsgrënn net agoen.

Déi verschidde parlamentaresch Froe ware vun den LSAP-Deputéierte Lenert, Delcourt, Biancalana an dem Grénge Meris Sehovic gestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO