
Wéi d’Police schreift, hate béid Brigangen, fir ze flüchten, de Linnebus a Richtung Ëlwen geholl. Do huet d’Police op si an der Groussgaass gewaart.
Bei de presuméierten Täter handelt et sech ëm ee Volljäregen an ee Mannerjäregen. Iwwerdeems de Jugendlechen e Protokoll krut, gouf de volljärege Raiber op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.
En Zeien hat am fréien Nomëtteg 3 Persoune beobacht, déi zu Dippech en Eefamilljenhaus mat Tute verlooss hunn. Well him dëst komesch virkomm ass, huet den Zeien d’Police verstännegt. Hien huet uginn, dass déi Verdächteg op der Place de l’église an e Gefier geklomme sinn a sech ewech gemaach hunn. Zu Käerjeng konnt d’Police déi Verdächteg mat de geklaute Saache stellen. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.