Verkéierskontroll zu EttelbréckPolice mellt 30 Verstéiss wéinst Auto-Tuning

RTL Lëtzebuerg
E Freideg goufen an der Patton-Stad 15 Gefierer vun der Police genau ënnert d'Lupp geholl. Dobäi goufen eng Partie Verstéiss festgestallt.
© Police

Am Ganze goufen un d'Chaufferen 30 Avertissements taxés verdeelt. An engem Fall duerft en Automobilist net weiderfueren; säi Gefier huet missen ofgeschleeft ginn. 2 Mol gouf d'SNCA kontaktéiert.

Ënnert anerem gouf a 6 Fäll kee Contrôle de conformité no enger Modifikatioun oder Transformatioun gemaach (145 Euro, 2 Punkten), 3 Mol huet eng virgeschriwwen Ofgasanlag gefeelt (24 Euro), eng Kéier gouf eng Plack falsch befestegt (49 Euro) an eng Kéier huet eng Vignette fiscale oder en änlecht Dokument gefeelt (74 Euro).

Weider Verstéiss kënnt Dir an der Oplëschtung vun der Police noliesen:

6x " Défaut de soumettre au contrôle de conformité un véhicule qui a été modifié ou transformé conformément à l'article 4, paragraphe 4 de la loi modifiée du 14 février 1955 concernant la réglementation de la circulation sur toutes les voies publiques " (145 Euro, 2 Punkte)
6x " Défaut d'exhiber un certificat d'identification ou un document équivalent valables " (24 Euro)
3x " Défaut d'un vêtement de sécurité réglementaire à bord d'un véhicule routier automoteur, hormis les catégories L1 et L2) (74 Euro)
3x " Usage d'un véhicule automoteur ou d'un cyclomoteur non muni d'un dispositif d'échappement réglementaire "
2x " Usage d'un véhicule automoteur ou d'un cyclomoteur émettant des fumées nuisibles ou incommodes " (74 Euro)
1x " Fixation non réglementaire d'une plaque d'immatriculation " (49 Euro)
1x " Défaut d'exhiber un permis de conduire valable " (24 Euro)
1x " Défaut de suivre les injonctions des membres de la police grand-ducale chargés de contrôler la circulation " (145 Euro, 2 Punkte)
1x " Comportement susceptible de constituer une gêne ou un danger pour la circulation ou de causer un dommage " (49 Euro)
1x " Usage d'un véhicule non couvert par une vignette fiscale valable, un certificat fiscal valable ou un volet valable de la feuille du carnet de contrôle dûment rempli " (74 Euro)

31 Avertissements taxés bei grenziwwerschreidende Policekontrollen

D'Lëtzebuerger Police an d'CRS autoroutière Alsace-Lorraine hunn e Samschdeg eng gréisser Kontroll duerchgefouert. Virmëttes hu si d'Automobilisten op franséischer Säit kontrolléiert, nomëttes stoung d'A6 am Grand-Duché um Programm. Am Fokus stoung de Vakanzentrafic. Dobäi gouf ënnert anerem gekuckt, ob d'Gepäck richteg geséchert gouf, d'Gefierer net iwwerluede goufen an d'Pabeieren an der Rei waren.

15 Lëtzebuerger Beamte waren um Asaz bedeelegt. Am Grand-Duché goufen 31 Avertissements taxés ausgestallt.

© Police

Klickt hei fir op de Reportage "Vakanzentrafic 2021: Grenziwwerschreidend Policekontroll fir eng sécher Rees an d'Vakanz" ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO