
Bannent de leschte 24 Stonne gouf d'Police 50 Mol am ganze Land wéinst Stéierunge vun der Nuetsrou geruff. Wéi et heescht, hätt sech an de meeschte Fäll d'Situatioun schonn nees berouegt gehat wéi d'Police op d'Plaz komm wier. An eenzele Fäll hätt d'Situatioun op der Plaz kënne gekläert ginn.
Schonn e Samschdeg de Moien um 9:00 Auer hat d'Police zwou Persoune gemellt kritt, déi sech op der Gare an der Stad gestridden hunn. D'Beamte konnten déi zwee Männer berouegen an dozou bréngen, datt se d'Gare verlooss hunn. Ee vun de Männer huet dunn awer ugefaangen, d'Beamten ze provozéieren an ze belästegen. Den alkoholiséierte Mann huet sech net méi berouege gelooss. Well hien eng Gefor fir sech an aner Leit war, gouf decidéiert, fir hien no enger medezinescher Kontroll am Passagearrest ënner ze bréngen.
E Sonndeg de Moie ware géint 5:30 Auer zu Schieren an der Route de Luxembourg dräi Persounen uneneegeroden. Eng vun de Persoune war staark opbruecht, huet sech aggressiv verhalen an huet sech net berouege gelooss. Och si koum no enger medezinescher Kontroll an de Passagearrest.
E Sonndeg de Moie géint 2:00 Auer ass d'Police an der Rue de Neudorf zu Esch op e Gefier opmierksam ginn, dat a Schlaangelinnen ënnerwee war an ëmmer nees widder den Trottoire komm ass. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv. Hien huet den Auto misse stoe loossen an de Permis ass fort.
Eng Stonn drop war eng weider alkoholiséiert Persoun zu Esch ënnerwee. Och hei war den Alkoholtest positiv, e Fuerverbuet gouf ausgeschwat an den Auto immobiliséiert.