
En Dënschdeg den Owend gouf et een Abroch an ee Buttek zu Nidderaanwen, an deen, éischten Informatiounen no, direkt e puer Abriecher duerch eng ageschloe gliesen Dier erakoumen. Baugeräter a Boergeld sinn der Police no geklaut ginn. D'Police huet direkt eng Sich no de Verdächtegen an d'Weeër geleet, ma se ass ouni Resultat op en Enn gaangen.
E Mëttwoch de Moien ass dann nach géint 5 Auer probéiert ginn, an een Eefamilljenhaus an der Rue des Carrières am Neiduerf anzebriechen. Hei ass der Police no eng Terrassendier ageschloe ginn. Den Täter gouf vun der Hausbewunnerin gestéiert an huet sech doropshin duerch d'Bascht gemaach. A béide Fäll goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.
Am spéiden Dënschdegnomëtteg goufen dann nach an engem Buttek an der Stad dräi Fläsche Parfum geklaut. De Verdächtege gouf vun der Police opgegraff an d'Fläsche konnte séchergestallt an zeréckgi ginn. Et gouf e Protokoll a Friemennotiz erstallt.