1.541 Reklamatioune goufen zejoert beim Ombudsman gemaach. E Chiffer, deen net just héich ass, mee sech an de leschten 10 Joer carrément verduebelt huet. D'Detailer vum Rapport goufen e Mëttwoch de Moien vum Ombudsman Claudine Konsbruck presentéiert. E grousse Volet betrëfft d'Direction de l'immigration.
Eng ganz héich Unzuel vun de Reklamatioune wieren Uleies vun Demandeurs oder Beneficiares de protection internationale. Virun allem d'Strukture vum ONA wieren dem Claudine Konsbruck no e grousse Problem:
"Mir kréie ganz vill Reklamatiounen iwwer d'Liewenskonditiounen an deene Strukturen. Déi Strukture sinn al, se sinn iwwerfëllt, se sinn deelweis provisoresch gewiescht. Mee se sinn entre-temps definitiv. An déi Renovatiounsaarbechten, déi onbedéngt ustinn, kënnen net gemaach ginn, well keng Opfangstrukturen do sinn, fir déi Leit opzehuelen, notamment wärend den Aarbechten."
Et géifen awer Pisten um Dësch ginn, déi einfach missten ëmgesat ginn:
"Wann et net besser weidergeet, muss effektiv d'Regierung sech iwwerleeën, ob een net muss op méi contraignant Moossnamen zréckgräifen. Sief et Quoten. Sief et d'Requisitioun vun Terrainen. Sief et massive Réckgrëff op modular Konstruktiounen."
En anere Problem wieren déi ze laang Delaie fir den Traitement vun Dossiere vu Flüchtlingen. Fir eng Demande op e Famillje-Regruppement sinn am Gesetz 9 Méint virgesinn:
"Entre-temps leien déi Delaie bei 35 Méint, ier iwwerhaapt en Dossier ka behandelt ginn an ier eng Äntwert erausgeet. Dat sinn dräi Joer Waardezäit fir eng Persoun, déi e Recht huet, seng Famill kommen ze loossen. Et ass e Grondrecht, dat souwuel an eiser Verfassung steet wéi och an de Konventiounen, notamment d'Convention européenne des droits de l 'homme!"
En anere Volet, deen d'Claudine Konsbruck ugeschwat huet, ass dee vum Droit à l'erreur. D'Prozedure géifen ëmmer méi komplex an numeriséiert ginn an do wiere Feeler ebe méiglech:
"An do plädéiere mir, dass do och eng gewëssen Toleranz bei de Verwaltunge soll kommen, fir esou Feeler kënnen ze rektifiéieren an engem klore legale Kader. Do ginn et Beispiller, a Frankräich gëtt et e Gesetz, an der Belsch ginn et Circulairen. Do maache mer och en Appell un d'Regierung, fir effektiv dat e bësse méi systematesch ze kucken."
D'Relatioun tëscht Bierger an Administratioune kéint an den Ae vum Ombudsman nëmme verbessert ginn, wann d'Rechter respektéiert ginn, ee méi Transparenz huet, an individuell Situatioune méi konkreet berécksiichtegt ginn.
Liest hei de ganze Rapport: