Externe Beroder fort, schlecht Stëmmung nach do?Op der Gemeng Sandweiler soll et weider rumoueren

Marc Hoscheid
Datt den externe Beroder net méi fir d'Gemeng schafft, géing beim Personal zwar fir Erliichterung suergen, ma dofir géing de Schäfferot d'Mataarbechter ongläich behandelen.
© RTL Archivbild

Op der Gemeng Sandweiler soll et weider rumoueren - Reportage Marc Hoscheid

Ufank vum leschte Joer war d'Gemeng Sandweiler an d'Schlagzeile geroden, well de Schäfferot reprochéiert krut, een externe Beroder engagéiert ze hunn, deen ze vill Muecht hätt a well Gemengebeamte een toxescht Aarbechtsklima beklot haten. Nodeems déi Virwërf an zwou Sëtzunge vum Gemengerot thematiséiert gi waren, ass et medial nees roueg ronderëm Sandweiler ginn. Heescht dat, datt all d'Problemer geléist sinn?

Ugefaange mam externe Beroder. Deen hat vun der Gemeng ee Kontrakt kritt, deem no hie bannent zwee Joer bis zu 460.000 Euro hätt kéinte verdéngen. D'Oppositioun vun CSV an deene Gréngen hat engersäits kritiséiert, datt dee Posten net richteg ausgeschriwwe gi wier an anerersäits, datt de Mann ze vill Afloss gehat hätt. D'DP-LSAP-Majoritéit hat hiert Virgoe verdeedegt a gesot, de Beroder hätt keen Afloss op déi deeglech Aarbecht, mee géing dem Schäfferot just zur Säit stoen, wann dat néideg wier. Ma wéi gesäit dat haut aus?

Dozou d'Simone Massard-Stitz vun der CSV: "Deen externe Beroder gëtt et net méi, dee war vun engem Dag op deen anere fort. Mir hunn och probéiert, als Oppositioun do bëssi Saache gewuer ze ginn, wat awer och vum Schäfferot ofgeblockt ginn ass a wou eigentlech ni ee gesot huet, firwat en net méi do war." De Jean-Paul Roeder vun deene Gréngen huet dat selwecht erlieft. Béid Oppositiounspolitiker wëssen net, ob déi Decisioun vum externe Beroder oder vum Schäfferot ausgaangen ass. Si kënne sech awer virstellen, datt fir béid Säiten den ëffentlechen Drock iergendwann ze grouss ginn ass.

Op Nofro hin heescht et vum Inneministère, et hätt een den Dossier gepréift an der Gemeng matgedeelt, datt de Kontrakt vum externe Beroder op enger falscher Basis fousse géing. De Buergermeeschter Claude Mousel seet iwwerdeems, de Beroder hätt einfach seng Aufgab erfëllt gehat, dowéinst hätt een en net méi gebraucht. Dat heescht awer net, datt de Schäfferot elo net méi op extern Expertisen zeréckgräift, seet op mannst de Jean-Paul Roeder. "A mir fäerte ganz, datt déi Persoun, déi an der Gemeng an- an ausgaangen ass, datt déi lo ersat gëtt duerch ee renomméierte Bureau d'études hei vu Lëtzebuerg, déi dann och lo d'Gemeng op Schratt an Tratt beroden an déi zimmlech present sinn. Dat heescht, wa mer lo deen een duerch deen aneren auswiesselen, dann hu mer eigentlech net vill erreecht."

Wat d'Stëmmung ënnert dem Personal ugeet, sou wier zwar eng Erliichterung ze spieren, datt den externe Beroder net méi do ass, ma et géingen awer nach Spannunge ginn. Dat krut RTL dann och vu verschiddene Säite confirméiert. Sou géing de Schäfferot déi Beamten, déi rezent agestallt goufen, bevirdeelegen an déi, déi scho länger op der Gemeng schaffen, verdächtegen, fir d'Oppositioun ze spionéieren. Dozou ass et dës Anekdot vun der Simone Massard-Stitz: "Et war eng punktuell Ëmännerung vun engem PAP an do hunn ech eppes net dra verstanen, du hunn ech gefrot, ob ech bei den Ingenieur kéint eropgoen, fir mer dat ze erklären. Do war ech just a sengem Büro, do ass den Här Buergermeeschter erakomm, ech weess net, ob e mer opgelauert huet oder sou. An ech war just amgaangen, dat ze kucken an du sot ech zum Ingenieur, ech huele mer eng Foto, da liesen ech dat. Du kënnt en eran a seet zum Fonctionnaire, wat hues du der Madamm Massard lo do gewisen? Du sot hien, ma ech hunn hier hei erkläert. Du seet en zu him, maach den Dossier lo op a weis mir déi Säit, déi s du him lo gewisen hues."

Fir si wier dat eng Erniddregung vum Fonctionnaire. De Jean-Paul Roeder seet iwwerdeems, hie géing Fonctionnairen net méi direkt no Informatioune froen, dat hätt an der Vergaangenheet nämlech e puer Mol dozou gefouert, datt dës ënnert Drock gesat gi wieren.

De Claude Mousel weist déi Reprochen zeréck. Hie géing all d'Mataarbechter vun der Gemeng d'selwecht behandelen an et géing dann och keng Problemer tëscht Deeler vum Personal an dem Schäfferot ginn, dat wier just Gestëppels vun der Oppositioun. D'Personal wier awer deels schlecht drun, well d'Simone Massard-Stitz sech dacks sou behuele géing, wéi wa si nach ëmmer Buergermeeschtesch wier.

Et sief nach gesot, datt et am September ee Wiessel un der Spëtzt vun der Gemeng Sandweiler gouf, wéi de Claude Mousel vun der DP d'Jacqueline Breuer vun der LSAP als Buergermeeschter ofgeléist huet. Wärend d'Oppositioun dem Claude Mousel virwerft, sech direkt perséinlech ugegraff ze fillen, reprochéiert hien der CSV an deene Gréngen, datt si net verquësse géingen, net méi an der Majoritéit ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO