Ketten a Portmonni geklautPolice mellt zwee Iwwerfäll an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Donieft konnt d'Police zu Gréiwemaacher den Déifstall vun zwee Vëloe verhënneren.
© Police

An der Bouneweger Strooss an der Stad gouf e Freideg am spéiden Nomëtteg géint 16.30 Auer eng Persoun iwwerfall. D’Affer gouf vun zwee Täter ugeschwat an dunn um Aarm festgehalen. Si hunn him eng Goldkette vum Hals gerappt. Et gouf Plainte gemaach an d’Enquête leeft.

Da mellt d’Police en zweeten Déifstall e Freideg den Owend an der Stad. Dat op der Garer Plaz. Den Täter hat probéiert, säin Affer z’ëmäermelen, gouf awer wechgestouss. D’Affer hat duerno awer gemierkt, dass de Portmonni fort war. Plainte an Enquête sinn d’Suitten.

Zu Gréiwemaacher wollten e Freideg am Nomëtteg zwee Onéierlecher Vëloe klauen. Si goufen awer vun de Poliziste gepëtzt. Béid Männer koumen op de Policebüro a goufen do ënnersicht. Ee vun de presuméierten Déiwen hat eng kleng Quantitéit Kokain bei sech. E Protokoll gouf gemaach.

Back to Top
CIM LOGO