
Kuerz no 20 Auer gouf d’Police eng éischte Kéier wéinst enger Kläpperei an de Garer Quartier geruff. Eng Persoun louch an der Route de Thionville um Bueden a war vu sech. Si gouf wéinst enger Blessur um Kapp vun de Secouriste behandelt. Op der Plaz konnten d’Beamten de presuméierten Ugräifer stellen. Wéi sech erausgestallt huet, hat de Blesséierten dësem am Virfeld mat enger Fläsch aggresséiert. Doropshi krut hien eng geklaakt. Hien ass am alkoholiséierten Zoustand op de Buedem gefall a gouf dobäi verwonnt.
Géint 20.45 Auer huet d’Police nees misse wéinst enger Kläpperei an de Garer Quartier fueren. Dës Kéier an d’Rue du Fort Neipperg. Hei krute sech 4 Persounen an d’Hoer. Wéi et vum Affer geheescht huet, wier him wärend der Ausenanersetzung de Portmonni geklaut ginn. Doropshi goufen déi aner 3 Persoune vun der Police duerchsicht. Bei engem gouf eng kleng Quantitéit Kokain entdeckt. An enger Niewestrooss gouf kuerz Zäit méi spéit de Portmonni fonnt.