
D’Economie an den Emploi wuessen, mee manner ewéi méi wäit an der Vergaangenheet. Ënnert anerem dat liest een an de Presentatioune vum Statec, dem Energiekommissär an der Adem op der Reunioun vum Comité de Suivi vun der Tripartite. An dat ass de Kontext, an deem d’Regierung an d’Sozialpartner sech den nächsten Donneschdeg erëm gesinn, fir d’staatlech Subventiounen fir d’Energiepräisser ze bremsen, op “iergend eng Aart a Weis” d’nächst Joer weiderzeféieren.
D’Kafkraaft klëmmt tëscht 2024 a 2027 an allen Akommeskategorien, och wann d’Ausgaben och staark geklomme sinn, esou de Statec. Den nationale Statistik-Institut huet nees déi sougenannt Quintille benotzt: dat heescht, d’Leit a Stéit a 5 Akommeskategorien opgedeelt. De Statec war och sou fein, eis op Nofro hin d’absolutt Zuelen - d’Revenuen - fir déi verschidde Kategorië matzedeelen.
Mir ronnen of. An der ënneschter Kategorie si Leit mat Netto-Revenue bis 2.800 Euro respektiv Stéit mat Revenue bis 3.800 Euro de Mount. Fir si wieren déi lescht 3 Joer d’Depensen ëm bal 5.000 Euro gewuess, mee de Revenu ëm 7.500 Euro. Ënnert dem Stréch also plus 2.500 Euro. Am aneren Extreem, bei den ieweschte Revenue vun iwwert 8.200 Euro de Mount respektiv 14.100 bei engem Stot sinn d’Depensen ëm 7.500 Euro d’Joer geklommen, mee d’Revenuen ëm 20.000, also e Plus vun 12.500 Euro. Am drëtte Quintile vu fënnef, Leit mat 4.800 Euro oder Stéit mat 7.700 Euro de Mount bleift no 3 Joer eppes méi ewéi 5.000 Euro méi Netto.
Et gesäit ee kloer an däitlech eng méi staark Hausse an der ieweschter Akommeskategorie.
Den Index stellt dee gréisste Batz bei der Hausse vum disponibele Revenu duer, hannendru sinn autonom Haussen an dann d’Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun. Index an Upassung vum Barème entlaaschten an absolutten Zuele besonnesch déi héich Revenuen.
Datt den Tanktourismus respektiv déi méi niddreg Steieren hei am Land nach ëmmer attraktiv sinn. De 95er huet den 12. Oktober hei 1,88 Euro de Liter kascht, an Däitschland a Frankräich 2,21 an an der Belsch 1,98. Beim Diesel waren et 2,05 Euro heiheem, 2,27 an Däitschland, 2,33 a Frankräich, 2,34 an der Belsch. Och de Masutt ass am Grand-Duché am bëllegsten.
Ouni Iwwerraschung ass de Verbrauch vu Bensinn iwwert déi lescht Méint méi geklomme ewéi an de Jore virdrun. Beim Diesel a Masutt war et ënnert dem Stréch awer eng Baisse – mee beim Diesel spigelt dat wuel d’Tendenz vu manner Immatrikulatiounen a beim Masutt, datt d’Leit gewaart hunn an der Hoffnung datt d’Präisser géingen erofgoen.
Den Energiekommissär warnt explizitt, datt déi attraktiv Präisser respektiv d’Agrëff vum Staat an d’Präisser e Risiko fir Versuergungssécherheet duerstellen.
Wat de Gas ubelaangt, warnt e virun enger ganz staarker Hausse vum Kafpräis. Zu Lëtzebuerg wieren d’Präisser fir d’Leit stabel dank der Akafsstrategie vun den Zouliwwerer, mee et misst ee mat engem konsequenten Impakt rechnen a mat Konsequenzen op d’Stroumpräisser.
Eng Conclusioun vum Energiekommissär: de System war erstaunlech resilient bis elo, mee strukturell Léisunge wieren néideg, fir d’Onofhängegkeet vun der EU a Lëtzebuerg ze stäerken.
Eigentlech schwätzt bal alles, fir méi geziilten Mesurë fir d’Hausse vun de Präisser ofzefiederen. Datt d’Regierung an d’Sozialpartner d’Géisskan erëm wäerten auspaken, kann een à la rigueur novollzéien, well hiert Haaptzil ass et, d’Inflatioun allgemeng ze bremsen fir ze vermeiden, datt et 2 Indextranchen bannent 12 Méint gëtt.
Alles schwätzt dann och, fir drastesch méi onofhängeg ze ginn vu fossiller Energie, net just well dat jo gutt fir de Klima wier, mee eigentlech eleng, well et där an Europa kaum gëtt. D’EU ass erpressbar duerch déi aner Weltmuechten an d’Laun vun e puer Staatscheffen. Gutt datt et nach Norwegen gëtt, och wann dat kee Memberstaat ass.
Wann een elo och nach puer Saachen zesumme kuckt:
Wann een eleng dat alles am Hannerkapp huet, da kann ee sech just froen, ewéi laang et ëmmer méi Kafkraaft a méi bëlleg Spritpräisser soll ginn oder wéini onpopulär Mesuren, déi riskéieren, ongerecht ze sinn, inevitabel ginn.
Et schwätzt einfach bal alles géint eng Steierreform, déi jiddereen entlaaschte soll an alles dofir, fir méi ekonom ze ginn. Oder sech um Bidon ze rappen.
Den nächsten Donneschdeg treffe sech d’Sozialpartner wéi gesot nees an et gëtt sech schonn e Resultat erwaart. D’Subventioune op Sprit, Gas a Stroum wäerten op “iergend eng Aart a Weis” verlängert ginn. An duerno kucke mer weider.
De Budget “fir d’Leit a fir Opschwong”