„COSMOS“Nei digital Plattform fir eng besser Zesummenaarbecht tëscht Staat a Gemengen

Chris Meisch
„Zesumme schaffen, digital verbannen“ ass de Slogan vun der neier digitaler Plattform COSMOS, déi eng méi effikass an transparent Zesummenaarbecht tëscht dem Staat an dem Gemengesecteur erméigleche soll.
D’Ministere Stéphanie Obertin a Léon Gloden hunn déi nei Plattform op enger Pressekonferenz annoncéiert.
© Chris Meisch

Domat soll COSMOS och déi aktuell-Plattform „e-MINT“ ersetzen. D’Zil ass et, den digitalen Echange tëscht de Gemengen an de Ministèrë méi einfach a méi séier ze maachen. Dobäi steet virun allem de „Once Only“-Prinzip am Mëttelpunkt, mat deem Donnéeën, wéi den Numm et seet, nëmmen nach eng Kéier mussen eragereecht ginn.

Mat der Aféierung vu COSMOS wëll d’Regierung eng nei Etapp an der Digitalisatioun vum ëffentleche Secteur ugoen: D’Zesummenaarbecht tëscht Staat a Gemenge gëtt strukturell gestäerkt an déi administrativ Demarchë gi vereinfacht. D’Plattform e-MINT, déi bis ewell als digital Austauschplattform tëscht dem Inneministère an de Gemenge gedéngt huet, soll schrëttweis duerch COSMOS ersat ginn. Am Februar 2027 soll déi éischt grouss Phas vun der neier Plattform ëmgesat ginn, éier se 2028 dann d’Roll vum „e-MINT“ ganz iwwerhëlt, sou den CSV-Inneminister Léon Gloden.

„Se gëtt ausgeweit op eng ganz Rei Demandë vu Gemengen: Subsiden, PAG/PAP. An e ganz wichtege Punkt ass, et ass eng Plattform, iwwert déi 10 Ministèren, zesumme mat de Gemenge kënne kommunizéieren, schaffen an och Decisiounen huelen.“

D’Kommunikatioun tëscht de Gemengen an dem Ministère soll komplett digitaliséiert ginn, fir ënner anerem Delaie vun administrativen Demarchen ze verkierzen. Bis elo muss beispillsweis eng Gemeng bei der Konstruktioun vun engem neie Gemengenhaus nach iwwer Pabeier d’Subsidë beim Inneministère ufroen, wéi de Philippe Schram, Responsabele vum Département processus et digitalistation vum Inneministère erkläert:

„An der Approche COSMOS, wa mir se bis ëmgesat wäerten hunn, ass dëst automatesch. Dat heescht de Beamten am Inneministère huet automatesch Accès op déi Donnéeën an déi Dokumenter, déi hie brauch, fir d‘Decisioun vum Inneminister ze preparéieren. Parallel profitéiere mir dann och dovunner, dass een digitale Prozess entsteet, fir der Gemeng nei Outilen, wéi beispillsweis ee Simulatiounstool, zur Verfügung ze stellen, deen et erlaabt, de Subsid, dee si warscheinlech kréie wäerten, am Virfeld ze simuléieren.“

Mam „Once only“-Prinzip mussen d’Donnéeën dann nëmmen nach eng Kéier agereecht ginn, ier déi zoustänneg Administratioune se duerno ënnertenee kënnen austauschen. Doduerch verkierze sech d’Delaien däitlech, esou datt am beschte Fall ronn ee Mount Zäit agespuert gëtt.

© Chris Meisch

Back to Top
CIM LOGO