SchwéidsbengPolice schléisst Brandstëftung net aus

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS hat um Donneschdeg den Owend géint 20 Auer e Groussasaz un der Musel, an der Rue du Port zu Schwéidsbeng, gemellt kritt.
© Domingos Oliveira / RTL

Et gouf e grousst Feier zu Schwéidsbeng. Eng 50 Pompjeeë waren am Asaz, fir Lagerhal ze läschen. Beim Feier ass en héije Materialschued entstanen, well an der Hal Booter a Roulotten ënnerbruecht waren.

Well d'Police Brandstëftung net ausschléisse kann, gouf eng Zäit laang mat engem Helikopter presuméiert Abriecher gesicht. D'Täter konnten awer net méi fonnt ginn. Wien eppes Verdächteges am Zesummenhang mam Brand gesinn huet, soll sech bei der Police vu Réimech um 24 47 71 000 mellen.

D'N10 zu Schwéidsbeng huet misste wärend dem Asaz gespaart ginn, ass am Laf vum Freideg de Moien nees opgaangen.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Schengen, Réimech, Munneref, Duelem, Kanech, Diddeleng a Jonglënster, grad wéi Ambulanze vu Réimech a Beetebuerg.

2 weider Bränn

Iwwerdeems zu Schwéidsbeng eng Hal gebrannt huet, huet en Donneschdeg géint 20.50 Auer an der Stad an der rue Mère Franziska eng Poubelle, an zu Lénger an der Rue de la Libératioun en Auto, dat géint 1.35 Auer e Freideg de Moien.

Back to Top
CIM LOGO