
Ee vun de presuméierten Täter hat eng schwaarz Baseballkap un, ee laangen donkele/schwaarze Mantel bis bei d'Knéi, eng blo Jeans an däischter Schong mat wäisse Suelen. Hien hat ausserdeem e schwaarze Rucksak mat enger wäisser Schrëft a mat wäisser Tirett un.
Deen zweete Verdächtegen hat och eng däischter Baseballkap un an eng donkel, warscheinlech blo, Jackett. Ënnert der Jackett hat hie warscheinlech ee schwaarzen Hoodie un. Nieft enger groe Jeans hat hien och däischter Schong mat wäisse Suelen un.
Zeien, déi géint 14.20 Auer zu Huelmes oder an der Géigend waren an eppes Verdächteges gesinn hunn, si gebieden, den 113 unzeruffen.
D'Police deelt weider mat, datt de Freideg géint 3.40 Auer an der Nuecht Kaméidi aus enger Wunneng zu Rëmeleng gemellt. Bei der Wunneng ukomm hunn d'Beamten de Bewunner ugetraff. An der Wunneng waren eng Rei illegal Waffen an eng Cannabisplantage. Op Unuerdnung vum Parquet goufen d'Objete beschlagnaamt. Et gouf ee Protokoll erstallt.