Fir d'Fra, déi eleng an engem vun de Gefierer souz, sollt all Hëllef ze spéit kommen. Si ass nach op der Onglécksplaz gestuerwen. De Chauffeur am anere Won gouf schwéier blesséiert an d'Spidol bruet.
Déi genee Ëmstänn vum Accident bleiwen ze klären, dofir gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police judiciaire vum Parquet mat enger Enquête befaasst.
D'Police sicht an deem Kader elo no Zeien. Dës si gebieden, sech via Telefon (+352 244 30 1000) oder Mail (police.capellensteinfort@police.etat.lu) bei der Police Capellen ze mellen.
D’Streck war wärend dem Asaz bis an d'Nuecht eran, komplett fir den Trafic gespaart.