Wie kennt dës Persoun?Police sicht Zeien am Kader vun engem Déifstall

David Winter
D'Police sicht am Kader vun engem Déifstall bei engem Bankomat elo Zeien, déi eppes zu dëser Persoun soe kënnen.
© Police

Geschitt ass den Déifstall den 8. September 2018, dat bei Bankomaten zu Bartreng an zu Märel.

Wéi et heescht soll de Mann eng Kreditkaart oder Kreditkaarte geklaut an domadder Geld opgehuewen hunn.

© Police

D'Police vu Käerjeng a Péiteng sicht elo no der Identitéit vum Mann op de Fotoen. All d'Indicen, déi kéinten hëllefen, sollen der Police op der Nummer 24451-1118 weidergeleet ginn.

Back to Top
CIM LOGO