Mann ka sech net erënnerenPolice sicht Zeien no Accident mat Scooter e Samschdeg tëscht Munneref a Biermereng

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg krut d'Police en Accident géint 17:30 Auer um CR152 tëscht Munneref a Biermereng gemellt.
Wéi koum et zum Accident e Samschdeg géint 17:30 Auer?
© RTL-Grafik

Op der Plaz ukomm, hunn d'Beamte festgestallt, dass do e Mann mat sengem Scooter verongléckt war. D'Gefier, dat a Frankräich immatrikuléiert ass, louch beschiedegt an engem Feld net wäit vun der Strooss ewech. De Chauffer gouf op der Plaz noutversuergt a koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

Éischten Informatiounen no hat de Mann aus bis ewell nach net gekläerte Grënn an enger Kéier d'Kontroll iwwert de Scooter verluer, koum op enger Aart Gulli am Summerwee un d'Halen an ass dunn an d'Feld geschleidert ginn.

De blesséierte Motocyclist huet eng Amnesie erlidden, d'Police schreift an hirem Bulletin vun "Erennerungsverloscht". De Mann weess deemno net, wéi et zum Accident koum.

An deem Zesummenhang ginn elo no Zeie gesicht, déi de Virfall gesinn hunn oder Aussoen iwwert de Scooter souwéi dem Chauffer maache kënnen. Zeie solle sech bei der Police Réimech/Munneref um (+352) 244 77 1000 oder per E-Mail op police.remichmondorf@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO