
Wéi am Bulletin vun der Police ze liesen ass, wier d'Affer vun 2 jonke Männer opdrénglech frëndlech begréisst ginn. Si hate fir en Handschlag ugesat, wat de Passant awer net wollt.
No e puer Versich ass et de Männer gelongen, him d'Auer vum Handgelenk ze rappen a sech a Richtung Fëschmaart aus dem Stëbs ze maachen. D'Affer gouf net blesséiert.
Wien eppes vun der Dot matkrut oder Informatiounen iwwert déi verdächteg Persounen huet, soll bei der Police iwwer Telefon (+352)244401000 oder Mail police.luxembourg@police.etat.lu mellen.
Die 2 Tatverdächtigen waren zirka 28-30 Jahre alt, um die 1,70m, Typ: Nordafrikaner.
1) von molliger Statur, bekleidet mit einer schwarzen Jacke und dunklen Hose, trug weiße Kopfhörer mit Kabel
2) von dünner Statur, trug dunkle Kleidung.