
Dat Ganzt ass géint 2 Auer moies geschitt. Ee vun den Täter soll ëm déi 45 Joer al gewiescht sinn, 1,75 Meter grouss an eng brong / giel Jackett mat enger Fell-Kaputz ugehat hunn. Den zweete Verdächtege war ronn 1,70 Meter grouss a vun dënner Statur. Hien hat kuerz schwaarz Hoer an hat eng blo Jeans an eng schwaarz Jackett un.
All nëtzlech Informatioun zu dësem Virfall soll der Déifferdenger Police op der Nummer (+352) 244 53 1000 oder per Mail u Police.DIFFERDANGE@police.etat.lu gemellt ginn.