De Parquet huet en Dënschdeg den Owend Detailer zum Police-Asaz, dee géint Mëtteg zu Nidderkuer ugefaangen hat, nodeems eng arméiert Persoun um Balkon vun engem Appartement gesi gi war, ginn.
Dee Mann huet sech dunn an dëser Wunneng agespaart, iwwerdeems Spezialunitéite vun der Police op d'Plaz, also bei d'Residence an der Rue Mathendahl, komm waren.
Géint 15 Auer sinn d'Poliziste vun der Spezialunitéit an d'Appartement eragaangen, an de Mann konnt maitriséiert ginn. Och eng Waff konnt saiséiert ginn.
Wéi et heescht, wiere bei dëser Aktioun keng Schëss gefall, iwwerdeem Aenzeien op der Plaz zum Zäitpunkt vum Stierme vu ville Knupperte geschwat hunn, déi een héieren hätt.
Wat d'Motiver oder d'Revendikatioune vum 61 Joer ale Mann, dee sech verschanzt hat, waren, muss nach gekläert ginn.
E Mëttwoch gëtt de Mann vum Untersuchungsriichter gehéiert.
3 Stroosse ware wéinst dem Policeasaz gespaart ginn: Rue des Pommiers, Rue Mathendahl a Route de Bascharage.
Och den Zuchtrafic war ënnerbrach ginn.
Communiqué du parquet de Luxembourg concernant les faits d'aujourd'hui à Niederkorn.
(04.06.2019)Vers midi la Police grand-ducale a été avisée qu'un homme détenant une arme à feu se trouvait sur le balcon d'un appartement rue Mathendahl à Niederkorn. L'homme âgé de 61 ans s'est ensuite retranché à l'intérieur de son domicile. Peu après 15:00 heures l'unité spéciale de la Police a réussi à s'y introduire et à maîtriser l'homme en question. Son arme a été saisie. Il n'y a pas eu de blessés et aucun coup de feu n'a été tiré. Le mobile de la personne arrêtée devra être déterminé par l'enquête en cours. L'homme sera entendu demain au courant de la matinée par le juge d'instruction de Luxembourg.
Den Asaz hat den Zuchtrafic perturbéiert:
Suite à l'intervention des forces de l'ordre qui est en cours à Niederkorn, la circulation des trains reste interrompue pour une durée indéterminée entre Differdange et Pétange. Les CFL ont mis en place des bus de substitution au départ de Differdange, à destination de Pétange. Nous tenons à rappeler que les arrêts et la gare de Niederkorn ne sont pas desservis par ces bus. Les CFL vous tiendront informés de l'évolution de la situation.