Wéinst schwéierer KierperverletzungPolice verhaft Mann, nodeem dëse Fra brutal attackéiert huet

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch goufen d'Beamte vun der Police um 3.30 Auer op d'Place am Boltgen op Esch geruff.

Hei war e verbale Sträit tëscht engem Mann an enger Fra eskaléiert an de Mann huet "mit äußerster Brutalität" op d'Fra ageschloen, esou wéi d'Police an hirem Pressebulletin schreift.

Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hu si béid Persoune virfonnt. D'Fra hat schwéier Blessuren am Gesiicht an och um Uewerkierper. De Mann, dee staark alkoholiséiert war, huet sech och géint d'Beamte gewiert, konnt awer schlussendlech immobiliséiert an op de Policebüro bruecht ginn. De Parquet gouf informéiert, de Mann gouf verhaft a koum nach um Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Déi schwéier blesséiert Fra koum an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO