Bal net ze gesinnPolice warnt virun neier Pech-Method vun Abriecher

RTL Lëtzebuerg
D'Police warnt virun enger neier Method vun Abriecher, fir ze kucken, ob een Doheem ass.
© Police

Fir ze préiwen, ob Awunner an engem Haus sinn, géifen d’Täter Fiedem aus Pech un der Aganksdier festmaachen. Dës si ganz réng a bal net ze gesinn. Wann dann een d’Dier opmécht, gesinn déi Onéierlech, datt an Tëschenzäit een an d’Wunneng gaangen ass oder se verlooss huet.

Wann d’Fiedem aus Pech intakt sinn ass dëst e méiglechen Indice fir d’Abriecher, datt keen doheem ass a se fräi Bunn hunn, fir eran ze goen. D’Fiedem wiere meeschtens ënnen am Eck vun der Aganksdier ugemaach. Am Fall wou een sou eppes mierkt soll een sech direkt bei der Police ënnert der Noutruffnummer 113 mellen.

Back to Top
CIM LOGO