Statistik beaflosst?Policeminister wiert sech géint Reproche vun der ADR

Pierre Jans
D'Sécherheet war op Demande vun der ADR Thema an der Chamber an d‘Oppositiounspartei huet net mat Kritik um Henri Kox gespuert.

Hien hätt dofir gesuergt, dass d’Police net all d’Strofdoten, wéinst deene si am Asaz war, géif ëffentlech maachen: Den ADR-Deputéierten Fred Keup huet de Reproche geäussert, wéinst der confirméierter Hausse vun Kriminalitéit zu Lëtzebuerg, géifen Infraktioune verheemlecht ginn.

De Policeminister Kox huet sech vehement gewiert.

„Ech wëll direkt kategoresch sinn, dass weder de Policeminister nach d’Justizministesch (Sam Tanson) d’Kompetenzen huet, fir eng Statistik ze beaflossen oder iwwerhaapt wëll.”

Den Henri Kox huet awer zouginn, dass de System bei der Police, fir Donnéeën iwwer hir Asätz z’erfaassen, op de Leescht misst geholl ginn. Zum Beispill géif do net ënnerscheet ginn, ob en arméierten Iwwerfäll mat enger Pistoul, engem Messer oder engem Tournevis geschitt ass. Dem Policeminister no wier et awer och net d’Aufgab vun der Police, fir kriminell Akten ze beschreiwen oder driwwer ze urteelen. D’Police géif Infraktiounen notéieren an déi der Justiz zur Verfügung stellen.

De Fred Keup hat gefrot, firwat keng Informatiounen iwwer d’Nationalitéit vu presuméierten Täter an de Statistike vun der Police ze fanne wieren. Dat hat fir Opreegung bei aneren Deputéierte gesuergt. D’Stéphanie Empain vun déi Gréng huet him reprochéiert, Ressentimenter géint Auslänner provozéieren ze wëllen.

Back to Top
CIM LOGO