D’Arméi grad ewéi eng Réserve sanitaire waren als Hëllef am Asaz, d’Bierger hunn de Leit um Terrain applaudéiert a se motivéiert fir duerchzehalen.
Déi Solidaritéit aus der Gesellschaft hätt gutt gedoen, seet d’Presidentin vun der nationaler Infirmiersassociatioun Anil, ma se hätt awer och mat der Zäit nogelooss. An obwuel d’Pandemie d’Wichtegkeet vun den essentielle Beruffer, dorënner deem vum Infirmier, nach emol verdäitlecht hätt, géifen et ëmmer nach Problemer am Secteur a Fuerderungen, deenen d’Politik net richteg géif nogoen.
D’Anne-Marie Hanff mécht zum Beispill drop opmierksam, dass nëmmen 80 Prozent vun der Aarbecht, déi eng Infirmière an en Infirmier am Spidol géife leeschten, och bezuelt géifen. Vill schrëftlech Dokumentatioune géif ee versichen, nieft der eigentlecher Aarbecht um Patient, ze maachen, ma dat wier op Dauer net méiglech a géif zu Frust ënnert de Mataarbechter féieren.
Déi sanitär Kris géif d'Suergen an d’Problemer um Terrain verstäerken. Et wier deemno och e Fakt, dass verschidden Infirmièren/Infirmiere mam Gedanke géife spillen, de Beruff ze wiesselen oder méi fréi an d’Pensioun ze goen. Fir méi konkret Donnéeën iwwer d’Beweeggrënn vu Leit ze kréien, déi mam Infirmiersberuff wéilten ophalen, leeft den Ament nach d’Etüd "Lëtz Care", déi d’Anil zesumme mat der Uni Lëtzebuerg lancéiert huet.
Am Fréijoer goufen d’Infirmièren an d’Infirmieren, déi hei am Land schaffen, eng éischte Kéier gefrot, wat se am Beruff hält, respektiv stéiert. Zënter engem Mount leeft déi zweet Erhiewung, bei där d‘Participanten op en Neits no eventuelle Kënnegungsiwwerleeungen a Belaaschtunge gefrot ginn. Op Basis vun de Resultater vun där Etüd wëll d’Anil hir Fuerderungen un d’Politik ausschaffen.
D’Associatioun wëll sech dann och virun den nächste Chamberwale genee ukucken, wat d’Parteien an hire Walprogrammer en Vue vun enger verbesserter Gesondheetsversuergung envisagéieren. An d’Anil mécht en Appell un d’Leit, hir Solidaritéit mam Secteur dann och mat de richtege Walstëmmen zum Ausdrock ze bréngen.