
Nieft Prozenter op Kleeder a Schong krut een e Sonndeg op der Stater Braderie vun de Politiker Bicken a Kamellen ausgedeelt. Bei sou enger Geleeënheet hunn d‘Parteie sech et net huele gelooss, e bësse Pub ze maachen a mat de Leit ze diskutéieren. Bis d’Wale sinn, ass et nach e gudde Mount, ma mir waren awer schonn nofroen, wat d‘Leit beschäftegt, a wéi hir Astellung vis-à-vis vun der Walcampagne ass.
Den Optakt vun der Stater Braderie war och den 1. Dag vun der Walcampagne. Fir d’Politiker eng gutt Geleeënheet, sech ënnert d’Leit ze mëschen. Vill Leit wësse schonn, wat se wielen, aner nach net.
Verschidde Leit, mat deene mer geschwat hunn, sinn zefridde mat der aktueller Regierung, aner Leit manner. Dës hätte gär en Tapéitewiessel. Bei ville sinn d‘Steieren, de Logement an d‘Sécherheet wichteg Sujete virun de Walen.
Wärend der Walcampagne gesäit een ëmmer méi dacks Politiker an der Ëffentlechkeet. An den Dierfer a Stied fënnt een iwwerall Luuchtepottoe mat Walplakater an och an de sozialen Netzwierker bleift ee vun de Parteien net verschount. An der Politik gëtt vill Reklamm gemaach, déi mol méi, mol manner un d‘Bierger kënnt.
Et stellt sech also nach d’Fro, ob déi Suen, déi d’Parteien an hir Pub investéieren, sech um Enn vum Dag bezuelt maachen.