VerwaltungsgeriichtPolizist krut an 1. Instanz Recht, Appell vum Staat als justifiéiert ugesinn

RTL Lëtzebuerg
An 1. Instanz Recht kritt, an zweeter dogéint net: Sou kann een e Fall um Verwaltungsgeriicht aus der Siicht vum Polizist resuméieren.
© AFP

Rieds geet ëm e juristesche Sträit um Verwaltungsgeriicht tëscht engem Policekommissär an dem Etienne Schneider. D'Cour administrative huet nämlech en Appell vum Staat géint dat 1. Urteel vum Januar als justifizéiert ugesinn an et dowéinst ofgeännert.

De Recours vum Policekommissär géint d'Decisioun vum deemolege Minister fir bannenzeg Sécherheet, de Polizist wéinst berufflecher Ongëeegenheet a moralescher Disqualifikatioun an d'Pensioun ze schécken, wär dofir zréckzeweisen. De Mann hätt och keng Indemnité de procédure zegutt a misst fir d'Fraise vun den zwou Instanzen opkommen.

De Generaldirekter vun der Police hat am Abrëll 2017 den zoustännege Regionaldirekter saiséiert, fir eng Instruction disciplinaire géint e Kommissär ze lancéieren, deen dee Mount wéinst Bedruch op d'Stater Geriicht zitéiert gi war. Well hien eng falsch Schuedendeklaratioun gemaach hat, war de Mann am Mee vun deem Joer zu 15 Méint Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vun 3.000 € verurteelt ginn. Donieft hat hien der Assurance ronn 4.250 Euro Schuedenersatz ze bezuelen. Am Januar 2018 war säin Dossier un de President vum Conseil de discipline gaangen. Dee Rot hat sech am Mäerz vun deem Joer dofir ausgeschwat, de Mann zwangsweis ze pensionéieren. Den Etienne Schneider hat am Abrëll 2018 eng entspriechend Decisioun geholl, wouropshin de Mann am Juni vun deem Joer op d'Verwaltungsgeriicht gaange war. Den Tribunal administratif hat elo am Januar decidéiert, dass de Mann 6 Méint vu senge Funktiounen auszeschléisse wär a keng Pai ze kréien hätt. De Staat hat am Februar Appell gemaach géint dëst Urteel.

Déi zweet Riichteren halen an hirem besonnesch grave Verstéiss vum Mann fest, déi inkompatibel wäre mat der Funktioun vum Polizist. D'Sanktioun, de Mann wéinst berufflecher Ongëeegenheet a moralescher Disqualifikatioun an d'Pensioun ze schécken, wär net disproportionéiert. Déi 1. Riichteren hätte sech op en Iwwerschreide vum Délai raisonnable beruff, fir d'Strof erofzesetzen. Den zweeten no war d'Generaldirektioun awer eréischt am Mäerz 2017 iwwert d'Faiten, déi dem Mann reprochéiert goufen, informéiert ginn, an d'Disziplinarprozedur hätt och net ze laang gedauert. Soudass déi 1. Riichteren d'Erofsetze vun der Disziplinarstrof zu Onrecht mat engem Iwwerschreide vum Délai raisonnable begrënnt hätten. Den Appell vum Staat wär deemno justifizéiert an dat 1. Urteel am Sënn ze reforméieren, dass de Recours vum Mann net fondéiert war.

Verwaltungsgeriicht / Rep. Eric Ewald

Back to Top
CIM LOGO