Haut scho genéitst?Pollenallergien: 5 Froen un en Expert

RTL Lëtzebuerg
D’Nues leeft, d’Ae brennen, et ass ee midd. Nëmmen e puer vun de Symptomer, déi Leit mat Allergien all ze gutt kennen.
Pollenallergien
Wisou kréien ëmmer méi Leit Allergien, a wat kann een dogéint maachen?

Ass d’Saison méi laang?

Leit, déi eng Allergie op Pollen hunn, sinn ëmmer méi domat geplot, d’Saison fänkt éischter un, d’Beem ginn zum Deel och méi Polle fräi, beim Gras dauert d’Saison méi laang, se wier dofir awer manner intensiv.

Iwwert d'Pollesaison
Dr. François Hentges, Immunolog an Allergolog aus dem CHL

Wéi vill Leit si betraff ?

Ëmmer méi Mënschen hätten eng Pollenallergie, dat géif een och zu Lëtzebuerg gesinn, esou den Expert aus dem CHL. Den Dr. François Hentges schwätzt vu knapp 40 Prozent vu Residenten, déi zu Lëtzebuerg mat Allergië geplot sinn.

Ëmmer méi Mënsche mat Pollenallergie
Dr. François Hentges, Immunolog an Allergolog aus dem CHL

Wisou sinn ëmmer méi Leit betraff?

Fir den Allergolog gëtt et e puer Grënn, wisou ëmmer méi Mënschen Allergien hunn. Eng dovun ass, dass mer méi steril géife liewen. En zweete Grond wieren d’Ëmweltaflëss, wéi zum Beispill d’Loftverschmotzung. Als drëtt Ursaach nennt den Dr. François Hentges den Asaz vu Wäschmëttel.

Wisou ëmmer méi Leit betraff?
Dr. François Hentges, Immunolog an Allergolog aus dem CHL

Wat kann ee maachen, datt ee keng Allergien entwéckelt?

Kanner, déi Doheem mat Déieren opwuessen, hu manner Risiko, fir Allergien ze entwéckelen, well se méi reegelméisseg a Kontakt mat Bakterien oder Vire kommen. Och Familljen, wou méi Kanner am Haushalt zesumme wunnen, hu manner Risk, eng Allergie ze entwéckelen.

Wat kann een dogéint maachen?
Dr. François Hentges, Immunolog an Allergolog aus dem CHL

Op wat soll ee wärend der Saison oppassen?

Am Beschte geet ee matten am Dag net eraus, wann d’Pollekonzentratioun am héchsten ass. Kënnt een owes Heem, soll een an d’Dusch goen. Och Sport a grouss Ustrengunge soll ee beschtméiglech evitéieren.

Wat maache bei héijer Pollekonzentratioun?
Dr. François Hentges, Immunolog an Allergolog aus dem CHL

Back to Top
CIM LOGO