Projet MuLiPECPositiv Etüd iwwer Méisproochegkeet an de Crèchen

Lynn Cruchten
2017 gouf d'Méisproochegkeet an de Crèchen agefouert. Zanterhier gouf eng Etüd gemaach an d'Resultater kënne sech weise loossen.
Positiv Etüd iwwer Méisproochegkeet an de Crèchen
2017 gouf d'Méisproochegkeet an de Crèchen agefouert. Zanterhier gouf eng Etüd gemaach an d'Resultater kënne sech weise loossen.

2017 gouf d'Méisproochegkeet an de Crèchen agefouert. Zanterhier léieren déi Kleng an de Betreiungsstrukturen a Schoulen also net nëmme Lëtzebuergesch, mee kommen och scho fréi mat Franséisch a Kontakt an hir Familljesprooche gi valoriséiert. Mat der Ënnerstëtzung vum Fonds National de la Recherche an dem Educatiounsministère huet d'Uni Lëtzebuerg iwwert déi selwecht Joren an doriwwer eraus um Projet MuLiPEC geschafft a gefuerscht.

De Projet MuLiPEC, dee sech aus den Ufanksbuschtawe vun englesche Wierder zesumme setzt, steet fir Formatiounen, déi fir Enseignanten an Educateuren organiséiert gi sinn, fir hinnen ze hëllefen, besser op de Kanner hirer Méisproochegkeet opzebauen. Ugefaangen huet et mat 46 Leit, déi un enger Formatioun vu 15 Stonnen deelgeholl hunn.

7 Participante goufen duerno iwwert 1 Joer begleet a gecoacht an hate reegelméisseg Echangen iwwert hir Praxis.

Am Kader vum Projet MuLiPec goufen eng ganz Rei Videoen an e Magazin zesummegestallt, déi een um Internetsite mulipec.uni.lu erëmfënnt. Dës kënnen a Formatiounen agesat ginn, respektiv kënne sech Enseignanten, Educateuren an och Elteren dorun inspiréieren.

An den nächste Jore misst déi ganz Pädagogik nach ausgebaut a méi inklusiv ginn. Den nächste Projet vun de Sprooche-Fuerscher vun der Uni baut dann och op der Kollaboratioun mat den Elteren op.

Back to Top
CIM LOGO