
De Budget 2019 stellt eng Kontinuitéit duer. Héich Investissementer gi souwuel vun der Chambre de Commerce, wéi vum OGBL begréisst. Ëmmerhin dréint d’Ekonomie jo gutt, dann ass dat och net sou schwiereg.
Den Direkter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen, warnt awer: fir déi aktuell Politik kennen ze maachen, mussen d’Betriber kompetitiv bleiwen a säitens Staatsfinanze misst ee virsiichteg bleiwen. Et wier een an enger Volatilitéit, déi aner Ekonomien eventuell net hunn an dofir misst een och méi opmierksam sinn, ouni Schwaarzmolerei ze bedreiwen. Et wier wichteg eng koherent Sozialpolitik ze maachen, ma déi misst awer cibléiert sinn an deene Leit ze gutt kommen, déi et am noutwendegste brauchen.
Den OGBL, deen ass awer ebe grad frou, datt wéinst der positiver wirtschaftlecher Entwécklung, keng Austeritéit géing gemaach ginn, wéi viru 5-6 Joer. Allerdéngs ginn d’Mesure géint d’Inegalitéiten net duer, sou de President vum OGBL, den André Roeltgen.
D’Produktivitéit muss an de Betriber gerecht opgedeelt ginn, souwuel beim Loun, wéi och beim Kapital. Et géif een ëmmer méi Inegalitéite gesinn, wat d'Verméige betrëfft. Virun allem Leit, déi méi wéi eng Immobilie besëtzen, ass e Beispill, dat den André Roeltgen nennt. Géint esou Inegalitéite virgoen, kéint ee kloer mat steierleche Mesuren maachen.
Den OGBL gesäit och nach vill Terrain op deem d’Regierung muss handelen: eng reegelméisseg Upassung vum Kannergeld un d’Medianakommes, d’steierlech Entlaaschtung vum den ënneschten a mëttlere Schichten a virun allem d’Erhéijung vum Mindestloun em 10%.
Mesurë wou d’Chambre de Commerce awer seet, dass muss opgepasst ginn dass d’Betriber weider wirtschafte kënnen an de Staat däerf sech och net ze wäit aus der Fënster lehnen. D’Patronat betount och: d’Reduktioun vum Taux vun der Betribssteier wier keng Reduktioun, mä en Ausgläich fir d’Erweiderung vun der Steierbase.