Mat 18,7 Milliounen Euro Gewënn fir 2018, zitt den Direkter vun der Raiffeisen-Bank e positive Bilan vum leschte Joer. D'Depote sinn ëm méi wéi 13 an d'Kreditter ëm knapp 7 Prozent geklommen. Mat den aktuell niddregen Zënse, krut d'Bank 2018 zwar manner eran, ma déi allgemeng gutt Performance konnt dat erëm wett maachen. En Dënschdeg gouf der Press de Bilan vum leschte Joer presentéiert.
Der Bank mat haut ronn 650 Mataarbechter geet et deemno gutt, esou de Message vun der Direktioun. Nieft den Zuele goufen awer och aner Themen diskutéiert, wéi zum Beispill d'Bankfraisen, déi vum Konsumenteschutz schaarf kritiséiert ginn. Hei huet den Direkter Guy Hoffmann präziséiert, dass dës zwar sollen niddreg bleiwen, ma dass et ganz ouni Käschten och net kéint funktionéieren.
„Generell ass dee Punkt jo absolut justifiéiert, dass Bankfraisë fir déi deeglech Operatiounen iergendwou a geuerdente Bunne bleiwen. Op där aner Säit muss een awer och soen, dass et onrealistesch ass, sech virzestellen, dass ee kann op eng Agence goen, wou Leit sëtzen, déi Aarbechte maache mat enger ganz sophistiquéierter Infrastruktur an dat géif näischt kaschten.“
Iwwerdeems ass d'Struktur vun der Bank am gaangen, sech ze veränneren. Lues a lues ginn déi 13 eenzel Raiffeisen-Keese vun der Bank iwwerholl. Doduerch soll méi effikass kënne geschafft ginn. Bis ewell waren d'Raiffeisen-Keesen Associéë bei der Bank. Fir dee lokalen Afloss och an Zukunft bäizebehalen, gëtt e sougenannte „Beirat“ gegrënnt. Dëse besteet aus 20 Leit aus verschiddene Beräicher, déi genee kucken, wat d'Direktioun mécht, wéi de Guy Hoffmann erkläert.
„Déi am Fong zukünfteg dat Sprooch-Rouer gi vun de Clientë vis-à-vis vun der Bank an ech erhoffe mer eigentlech, dass dat dee stäerksten a schäerfste Kritiker vun der Bank gëtt. Fir eis ze soen, Dir sidd um falsche Wee oder mir wéilten, dass Dir aner Saache maacht, wéi dat, wat Dir bis elo maacht.“
Fir op lokalem Plang fir hir Clientë kënnen do ze sinn, investéiert d'Raiffeisen-Bank weider an den Ausbau an d'Renovatioun vun hiren Agencen. Grad bei wichtegen Decisiounen, wéi engem Prêt oder dem Placement vu Suen, géifen d'Leit nach ëmmer den direkte Kontakt mam Banquier sichen, esou nach de Guy Hoffmann.