
E Freideg kuerz virun 20 Auer koum de Beamte bei enger Pabeierkontroll zu Giewel an der Rue de l’école de Geroch vun Alkohol entgéint. En Alkoholtest war deementspriechend positiv. Weider goufen Onreegelméissegkeete bei der Steiervignette souwéi vum Contrôle technique festgestallt.
Zu Esch hat sech um 15.15 Auer en Auto an der Rue Romain Fandel iwwerschloen, nodeems e widder d’Leitplank geknuppt ass. De Chauffer gouf dobäi blesséiert an an d’Spidol bruecht. Och hei gouf en ze héijen Alkoholafloss festgestallt.
Géint 22.30 Auer huet e Sécherheetsbeamte vun engem Parkhaus an der Rue Fort Neipperg gemellt, datt e Gefier beim Ausparken en aneren Auto wuel beschiedegt hätt an de Chauffer probéiere géing ze flüchten. De Sécherheetsbeamten huet doropshin d’Barrièren zougemaach, fir den Automobilist un enger Flucht ze hënneren. D’Police huet och bei dësem Chauffer en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass.
E Freideg hunn 210 Automobilisten tëscht 16 a 17 Auer bei enger Police-Kontroll zu Beyren en Alkoholtest misste maachen, och wa keng Unzeechen dofir do waren. Nëmmen an engem Fall war den Test positiv, de Permis huet awer net missen agezu ginn.
Och zu Gréiwemaacher goufen d’Chaufferen tëscht 18 an 19 Auer kontrolléiert. Hei waren et 267 Automobilisten, déi hu misse blosen. Zwee Mol war den Test an engem Mooss positiv, datt de Permis direkt agezu gouf.