Bilan PostPost Group zefridde mam Resultat fir e "schwieregt Joer 2022"

Lynn Cruchten
D'Post huet dat lescht Joer en Nettobenefice vun 30,9 Milliounen Euro gemaach, obwuel de Chiffre d'affaires liicht erofgaangen ass.
Post Group zefridde mam Resultat fir e "schwieregt Joer 2022"
En Donneschdeg huet d’Post de Bilan vum leschte Joer gezunn

Bilan Post 2022 / Reportage François Aulner

Dat wier der Diversifikatioun vun den Aktivitéite vum Group ze verdanken, esou den Direkteur-adjoint vum Post Group Pierre Zimmer bei der Presentatioun vum Bilan vun 2022. Hie wier och zefridden, well et e schwieregt Joer gewiescht wier.

Dat lescht Joer gouf fir déi éischte Kéier eng reell Baisse beim Courrier festgestallt. Am Beräich Logistik ass den asiatesche Marché och wéinst Regulatiounen a wéinst de Liwwerenkpäss staark agebrach, mä dat nächst Joer rechent de Post Group mat enger Reprise an deem Beräich, well een an der Groussregioun méi aktiv wier.

De Pierre Zimmer, dee fir den Direkter Claude Strasser, dee krank ass, aktuell d’Direktioun vun der Post leet, huet iwwerdeems annoncéiert, datt beim “Packup"-Reseau nach nei Servicer wäerten dem Client ugebuede ginn. Dorënner d’Méiglechkeet, fir “Aviséen” do ofzehuelen, ewéi zum Beispill Päck, déi een net kann Heem geliwwert kréien.

Extrait Pierre Zimmer iwwer “Packup”

Bei der Post Telecom ass ouni Iwwerraschung de fixen Telefon weider erofgaangen, iwwerdeems de Mobiltelefon an Data weider geklomme sinn, huet et en Donneschdeg de Moien nach geheescht. A wat Post Finance ugeet, huet de Pierre Zimmer dann eng Baisse vun de Fraise fir Clienten ausgeschloss, obwuel d’Zënsen elo eropgaange sinn. Hien huet awer drop higewisen, datt Suen ophiewe mat der Post iwwerall gratis ass a fir Leit ënner 25 Joer déi meescht Servicer gratis ugebuede ginn.

PDF: Schreiwes vun der Post

Back to Top
CIM LOGO