
Am juristesche Sträit mam Post-Generaldirekter ëm d'Opléise vun hirem Aarbechtskontrakt huet eng Fra an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht kritt. Den Tribunal administratif huet hire Recours géint eng Decisioun vum Claude Strasser vu September nämlech als justifizéiert ugesinn an d'Opléise vun hirem Aarbechtskontrakt op de 15. vun deem Mount annuléiert. Den Dossier muss zréckgoen an d'Post d'Fräien iwwerhuelen.
Am Februar 2001 hat d'Fra e CDD bei der Post kritt, aus deem zwee Joer drop e CDI gouf.
Op Grond vu verschiddene Gesondheetsproblemer hat d'Fra 2017 e Congé thérapeutique à mi-temps zougesprach kritt, fir den Zäitraum vun Ufank Mäerz bis Enn Juni. Nodeems si am Dezember 2017 gefall war, krut si e Krankeschäi bis Enn Mäerz zejoert. Deeselwechten Dag hat d'Post d'Pensiounskeess ëm där hir Meenung gefrot, wat eng Invaliditéit vun der Fra ugeet. Am Juli hat d'Pensiounskeess decidéiert, dass d'Fra net als Invalid unzegesi wär. No enger Entrevue am August tëscht der Post an der Fra, war déi am September doriwwer an d'Bild gesat ginn, dass hiren Aarbechtskontrakt op d'Mëtt vum Mount géif opgeléist ginn. D'Fra war deen nämmlechte Mount op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass den zoustännege Minister en Aarbechtskontrakt opléise kann, wa laang oder widderholl Absencen aus Gesondheetsgrënn virleien, fir de Fall, dass den Employé nach net vum Pensiounsregimm vun de Staatsbeamte profitéiert. De Minister kann d'entspriechend Prozedur ausléisen, wann den Employé bannent engem Joer 6 Méint um Stéck oder net aus Gesondheetsgrënn gefeelt huet.
Do virdru muss de Minister d'Pensiounskeess saiséieren, fir dass déi sech iwwer eng Invaliditéit vum Employé ausschwätzt. Woubäi dem Postgesetz vun 1992 no den Exekutivcomité vun der Post d'Aufgaben z'erfëllen huet, déi dem Minister iwwerdroe goufen. En Aarbechtskontrakt vun engem Staatsemployé vun der Post kann deemno nëmme vum Exekutivcomité opgeléist ginn. An dësem Fall hat dat awer de Generaldirekter gemaach. Well deen net kompetent war, fir sou eng Decisioun ze huelen, wär déi annuléieren, sou den Tribunal administratif. D'Fra an d'Post hätten iwwerdeems keng Indemnité de procédure zegutt.