
D‘Fermeture vun enger Rei Postbüroen uechtert d‘Land suergt schonn zanter e puer Jore fir Reklamatiounen. 2015 huet d’Restrukturéierung vum Post-Netz ugefaangen. Zanterdeem hu missen iwwer 40 lokal Agencen zoumaachen. An engem Bréif un de Wirtschaftsminister Fayot huet de Lëtzebuerger Konsumenteschutz ULC d’Rationaliséierungsmesurë vun der Post kritiséiert a wëll géint d’Fermeture vu weidere Postbüroe virgoen.
D’Fermeturë vu Post Büroe bezeechent d’ULC als eng “anti-sozial” Politik, déi d’Besoine vun de Bierger a Biergerinnen zu Lëtzebuerg ignoréiere géing. Virun allem eeler Leit hätte Schwieregkeeten d’Online-Servicer vun der Post ze notzen a sinn dofir net seelen op d’Personal vum Guichet ugewisen.
D’Decisiounen, déi d’Post Lëtzebuerg géing maachen, géingen awer virun allem vun der Nofro vun de Clienten ofhänken. D‘Funktioun vum Postbüro hätt sech geännert. De Post Generaldirekter Claude Strasser:
“Tatsaach ass, dass d’Aktivitéit an de Büroe sech geännert huet. D’Leit kommen haut vill méi oft fir e Colis, kaum kënnt nach ee fir een Timber, dee kritt der haut op ganz ville Point-Posten oder iwwer de Bréifdréier ze kafen. Dat heescht d’Funktioun vum Postbüro ass eng ganz aner, wéi se soss war.”
D’Post selwer verdeedegt hir Decisioun, dass se iwwer 40 Agencen zougemaach hunn. Wat weider Fermeturen ugeet, berouegt de Claude Strasser:
“Déi Büroen, vun deene mir der Meenung sinn, dass se sech net méi eegenen, déi hu mer eigentlech elo zou gemaach. Dat waren notamment déi Büroen, mat deene ganz kuerzen Heures d’Ouvertures, respektiv op Plazen, op deene se ganz schlecht accessibel waren, oder och well se guer net méi frequentéiert gi sinn. An do si mer lo doduerch, elo hunn mer et mat Postbüroen ze dinn, déi alleguer eng gewëss Frequentatioun, eng gewëss Gréisst, wou et souwisou net méiglech ass, einfach esou zou ze maachen. An deem Sënn kann ech Entwarnung ginn. Et ass lo net, dass dat monter weidergeet.”
Ma wéi gesäit et da lo mat den eelere Leit aus? Déi, déi net sou gutt op de Been sinn an net sou einfach an eng aner Uertschaft kommen, fir do an d’Agence ze goen? Hei setzt d’Post op de Bréifdréier.
“Dat ass eigentlech d’Bezuchspersoun. Eng Persoun, déi d’Proximitéit zu der Post duerstellt, well déi Leit, déi schlecht zu fouss sinn, déi villäicht méi Zäit doheem verbréngen, dat si jo déi, déi de Bréifdréier kennen. Et ass keng Transaktioun, déi der an engem Postbüro kënnt maachen, déi net och de Bréifdréier ka maachen.”
D’Post wéilt jidderengem e beschtméigleche Service ubidden. Zwee mol am Joer ginn Ëmfroe gemaach, wou d’Cliente kënne soen, wat se gutt un de Servicer vun der Post fannen a wat net. Och soll dëse Mount um Belval en neie Büro opgoen, nodeems deen zu Bieles zougeet.
Der ULC geet dat awer net duer. Si fuerdert d’Post Lëtzebuerg dozou op hir Politik ze änneren an net op de Käschte vun de Clientë wëlle méi Benefice ze maachen.