
No de Wale fir d'Assemblée vun der Chambre de Commerce sinn déi 25 Leit gewosst, déi an deem Gremium déi nächst 5 Joer wäerte vertrueden sinn.
Am Grupp vun de Banken an dem Finanzsecteur ass och de Luc Frieden ënnert de 5 d'office-gewielte Membere vun der Assemblée.
U sech goufen et an den 6 Beruffsgruppen, déi d'Assemblée vun der Chambre de Commerce duerstellen awer keng Walen, well ausser am Grupp 1, iwwerall genee esou vill Kandidaten op enger eenzeger, kompletter Lëscht waren, déi dann och domat designéiert waren.
Just am Grupp 1, dee vum Commerce, gouf et nieft der CLC eng zweet Lëscht, nämlech déi vun der ULESS.
Well op dëser Lëscht awer vum Walbureau 3 Leit gestrach goufen, war se onkomplett a gouf ecartéiert. Déi 3 Persoune ware gestrach ginn, well se de facto iwwert hir Firma net an der Chambre de Commerce Member waren, mee an der Chambre des Métiers.
D'Constituante vun der Assemblée plenière dierft eréischt ëm Ouschteren sinn; da gëtt och e President proposéiert a gewielt.
An dat kéint eben dann de Luc Frieden sinn, dee jo President vun de Verwaltungsréit vum Grupp St-Paul an der BIL ass.
Bis zur éischter Assemblée am Abrëll kënnen nach Recourse géint d'Resultat vun de Walen agereecht ginn. Dës Kéier dierft dat duerchaus de Fall sinn, nämlech duerch d'Uless.
Nieft dem Michel Wurth, deen net méi kandidéiert hat, sinn och aner bekannt Nimm net méi an der neier Assemblée vun der Chambre de Commerce dobäi wéi de Pit Hentgen, de Carlo Thill, d'Betty Fontaine, de Robert Dennewald oder och de Christian Thiry.