StatecPräisdeierecht klëmmt op 4,2 Prozent

RTL Lëtzebuerg
D'Enn vun de Summer-Solde bedeit och, datt d'Präisdeierecht am August vun 3,7 op 4,2% klëmmt.

Dat mellt de Statec de Mëttwoch de Moien. Dës Hausse bréngt jo och eng Indextranche op d’September-Pai mat sech, déi ëm 2,5% an d’Luucht geet, wat ewell gewosst war.

D’Präisser op de Pompele sinn dann och am August nees e gudde Krack ugezunn mat enger Hausse vun 10% fir den Diesel a 6% fir de getankte Bensinn.

De Masutt ass souguer ëm e Fënneftel méi deier gi wéi nach am Juli.

Back to Top
CIM LOGO