Héich LiewensmëttelpräisserPräisser an der Moyenne bal 4% méi héich wéi d'lescht Joer ëm dës Zäit

Lynn Cruchten
"Sou massiv, wéi d’Liewensmëttelpräisser lo explodéiert sinn, ass och fir eis nei", dat seet e Lëtzebuerger Grossist.
Héich Liewensmëttelpräisser
“Sou massiv, wéi d’Liewensmëttelpräisser elo explodéiert sinn, ass och fir eis nei”, dat seet e Lëtzebuerger Grossist.

Dem Statec no waren d’Liewensmëttelpräisser am Mäerz an der Moyenne bal 4 % méi deier wéi d’lescht Joer ëm dës Zäit. Zanter der Covid-Pandemie wier de Marché einfach extrem dereguléiert, confirméiert och e Lëtzebuerger Grossist. RTL géintiwwer sot hien: “Sou massiv, wéi d’Liewensmëttelpräisser elo explodéiert sinn, ass och fir eis nei”.

Héich Liewensmëttelpräisser / Reportage Dany Rasqué

Beim Statec ginn et 7 Präis-Enquêteuren, déi sech all Mount a verschidde Supermarchéen hei am Land deplacéieren an do via Tablett d’Präisser encodéiere vun deene Produiten, déi am Präisindex suivéiert ginn. All Kéier ginn déi nämmlecht Produiten a Marken aus den nämmlechte Butteker erfaasst. Op Basis dovu kënnen d’Präisser da mat Méint oder Jore virdru verglach ginn. Konkret hält de Statec fest, dass zum Beispill de Präis vum Fësch a Mieresfriichten an 12 Méint ëm 9 % an d’Luucht gaangen ass. Bei Kaffi, Téi a Kakao ass et eng Hausse vu ronn 6,8 % an an der Kategorie vun de Fetter an Ueleger ass de Präis allgemeng ëm bal 6,2 % geklommen. Och d’Fleesch, all d’Zorten zesumme gekuckt, ass bannent engem Joer ëm gutt 5,6 % méi deier ginn.

Grond fir d’Hausse an der Alimentatioun wieren ënner anerem déi méi héich Energiekäschten. Den Ukrain-Krich géif den Ament nach keng esou eng grouss Roll am Secteur spillen. Et wier awer an deem Kontext a puer Méint wuel nach mat Präishaussen ze rechnen, zum Beispill bei den Ueleger. Ma och de Präis vum Weess an allgemeng de Kären, déi och Fudderbasis fir d’Déiere wieren, géif riskéieren, ze klammen.

An eise Géigende bräicht een awer keng Angscht virun engem Manktem u Liewensmëttel ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO