
De Premier huet d’Sozialpartner fir nächsten Dënschdeg fir separat Gespréicher invitéiert. Dat huet de Xavier Bettel getwittert.
Déi dräi grouss Gewerkschafte hate jo d’urgence nach eng Reunioun virun der Tripartite mam Staatsminister gefuerdert, dat speziell wéinst dem Sujet Upassung vun de Steiertabellen un d’Inflatioun.
D’DP-Finanzministesch Yuriko Backes hat schonn hei op RTL ofgewénkt, eng Upassung vum Steierbarème wier den Ament net responsabel.