E Méindeg de Moie war déi nächst Tripartite Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mat der Lëtzebuerger Finanzministesch.
Eng Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun wier den Ament "net responsabel". Dat huet d’Finanzministesch Yuriko Backes e Méindeg de Moien hei op RTL deklaréiert. Knapp zwou Woche virun der Tripartite huet d’DP-Politikerin also d’Haaptfuerderung vun de Gewerkschafte verworf. Mam Argument, Lëtzebuerg wier an enger ekonomescher Kris. Donieft géing d’Upassung, esou ewéi si se proposéieren, "strukturell méi ewéi eng Milliard Euro" kaschten an de Staatsbudget déi nächst Joren och belaaschten.
Keng Upassung, mä “eppes Flottes”
Jo, am Staatsbudget wier e Sputt vu ronn 500 Milliounen Euro, mä d’Finanzministesch bleift bei hirer Propos, fir déi ënnert der Form vun cibléierte Steierkreditter anzesetzen. Wéi dës Hëllefen genee sollen ausgesinn, gëtt den Ament nach ausgeschafft an an der Regierung diskutéiert. De Sputt vu 500 Milliounen Euro wier och "net a Stee gemeesselt" an et wéilt een "eppes Flottes" fir d’Leit proposéieren.
Am Logement d’Offer stäerken
Nieft Steierkreditter kéint et och weider Mesuren am Beräich Logement kommen, sou d’Yuriko Backes. Iwwert d’Iddi vun der grénger Fraktiounscheffin Josée Lorsché e Freideg hei op RTL, fir de Leit, déi e Prêt mat Taux variable hunn, mat Steierkreditter ze hëllefe, wier nach net diskutéiert ginn. Genee wéi steierlech Ofschreiwunge vu Scholdzënse géing dat d’Demande stäerken. Der Finanzministesch no misst virun allem d’Offer gestäerkt ginn. De Steieravantage "Amortissement acceleré" retabléieren, esou ewéi d’CSV et freet, huet si e Méindeg de Moien ausgeschloss.
Kafkraaft wier gestäerkt ginn
D’Yuriko Backes huet hir Politik vun de leschte Méint verdeedegt. Duerch d’Mesuren vun de leschten Tripartite wier et kee Kafkraaftverloscht ginn. Notamment mam sozial gestaffelte Crédit d’impôt "énergie", deen elo am Abrëll ewechfält wann d’Indextranche déi am Abrëll d’lescht Joer verréckelt gouf ausbezuelt gëtt. Fir d’Yuriko Backes wier de Staat net de Gewënner vun der Inflatioun, well d’Regierung dediéiert hätt, d’Suen, déi de Staat erakritt, fir Mesuren ze benotzen an de Stéit an de Betriber ze hëllefen. Un där Approche hält d’Finanzministesch fest.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.